Wëllkomm op der Säit vum lëtzebueger Contingent fir den World Scout Jamboree 2027 a Polen
Welcome on the page of the luxembourgish contingent for the World Scout Jamboree 2027 in Poland.
News
Du hues dech verpasst fir den Jamboree unzemellen?
Leider ass eis Umeldung zou, a mir hunn eis Zuelen un d'Organisateure weider ginn. Wann s de awer interesséiert bass mat ze goen, da kanns de dech op der Waardelëscht androen. Wann eng Plaz fräi gëtt, hues du dann eventuell d'Chance no ze réckelen.
Umeldung ass Zou
D'Umeldung ass elo Zou! Wat geschitt elo? Jiddereen deen sech ugemellt huet, misst direkt bei der Registréierung eng Confirmatioun kritt hunn dass d'Umeldung bei eis ukomm ass. Falls dat net geschitt ass, ass se eventuell am Spam gelant! Mir reechen eis Umeldungen elo...
Offiziell Umeldung
D'offiziell Umeldung ass vum 1. September bis den 18. Oktober op. All Detail fenns de am Newsletter 2.
Newsletter #2 ass eraus!
Den zweeten Newsletter ass elo eraus. Dese kanns du bei den Dokumenter noliesen. Hei kriss du all Informatiounen zu der Umeldung vum Jamboree.
Early registration ass op!
Fir den Jamboree 2027 gëtt et vun den Organisateure Méiglechkeet eng Fréiumeldung ze maachen, wou een elo scho fest zouseet an direkt den 1. Acompte vu 500€ bezilt. Dofir kritt een eng sécher Plaz um Jamboree 2027 a et spuert een 100€ op déi final Participatioun. Des...
1. Newsletter
Den éischten Newsletter ass eraus, dese kanns du bei den Dokumenter noliesen. Hei kriss du déi éischt informatiounen, wéi och informatiounen iwwert eng Fréiumeldung.
Open Call: CMT Member fir de World Scout Jamboree 2027 a Polen
2027 ass et nees esou wäit: De 26te World Scout Jamboree steet virun der Dier. Des Kéier geet et a Polen an d'Géigend vun Danzeg. Du hues Loscht mat drun ze schaffen, fir dass d'Lëtzebuerger Scouten nees un dësem Camp kennen deel huelen? Du hues Loscht de Contingent...
