Fir den Jamboree 2027 gëtt et vun den Organisateure Méiglechkeet eng Fréiumeldung ze maachen, wou een elo scho fest zouseet an direkt den 1. Acompte vu 500€ bezilt. Dofir kritt een eng sécher Plaz um Jamboree 2027 a et spuert een 100€ op déi final Participatioun.
Des aktioun leeft just bist den 25. Juni! Méi Informatiounen an Detailer heizou kritt dir an eisem éischten Newsletter ënnert den Dokumenter
Wien ass concernéiert?
Mat goen als Participant sinn Avex a Carapio déi tëscht dem 30. Juli 2009 a 30. Juli 2013 gebuer sinn.
Fir déi wou virun dem 30. Juli 2009 gebuer sinn, gëtt et och d’Méiglechkeet als IST oder als Chef mat ze goen, hei ass och des Early registration méiglech.
Bei Froen, si mir ënnert cmt@wsj2027.sil.lu ze erreechen.