Leider ass et em dem Jamboree relativ roueg ginn. Grond dofir ass, dass mir säit November op eng Confirmatioun den ugefrote Plaze vun eisem Contingent waarden.
Des hätt sollte spéitstens bis den 1. Dezember kommen, bis elo krute mir awer nach ëmmer näischt.

Mir erhoffen eis elo an de kommenden Deeg eng definitiv Confirmatioun ze kréien. Esou bal mir des hunn, geet eng Email un all d’Participanten, Chef an IST eraus fir dat ze bestätegen.
Parallel geet eng mail mat der Rechnung un all d’Gruppen eraus, hei sinn d’Informatioune wie vum Grupp ugemellt ass drop.

Vue dass mir elo hannert dem Ugekënnegtem Zäitplang sinn, préiwe mir grad eisen Delai vun dem éischten Acompte och em 15 Deeg no hannen ze verréckelen.