Frequently asked Questions – Oft gestallte Froen

Froen zu der Umeldung

Wat mécht een IST um Jamboree?

Als IST ass ee Volontaire deen hëlleft den Jamboree méiglech ze maachen, quasi wéi ee Staff op engem Camp, deen net an d’Organisatioun mat agebonnen ass, mee op der Plaz hëlleft.
Dat kann alles Méigleches sinn. Vun Atelier/Aktivitéiten halen um Site wéi jee nodeem och erof vum Site, dann der Kiche vum Staff schaffen, op engem Sous-Camp an dem Staff hëllefen, wéi zB. Iesse verdeelen an dem Sous-Camp Chef hellefen dass alles klappt. Dat kann awer och als Staff um Flughafen sinn dass wann d’Gruppen ukommen, dass do een si op déi richteg Plaz brénge kann.

Wéis de mierks kann dat a ganz vill Richtunge goen an dat waren elo och just Beispiller. Wat flott dorunner ass, dass een oft a ganz internationalen Ekippe schaffe kann an do Scouten aus der ganzer Welt kenne léiere kann. Wéi eng Aufgab ee kritt kënne mir nach net soen an zu engem spéideren Zäitpunkt (Fréijoer 2027) wäert de Moment kommen, wou ee ka seng Choixe u ginn an een dan eppes zougedeelt kritt. Dës Verdeelung geschitt awer vun den Organisateuren a mir hu keen afloss do robber.

Als IST kacht een net selwer, mee et gëtt eng Aart vu Kantin déi eeben och vun ISTs gefouert gëtt an do kann een iessen an et schléift een an der Reegel och op engem Sous Camp, mat deenen anere Lëtzebuerger ISTs. Et ass een also net an der Géigend vun de Participanten aus dengem Grupp, mee déi kann een natierlech trotzdeem besichen.

zesummegefaass: IST ass eng wierklech flott Erfarung et ass awer eng aner ganz aner Erfarung wéi een als Chef maache géif.

Fi wat muss meng Umeldung nach confirméiert ginn?

Mir musse garantéiere kennen, dass engersäits genuch Plaz an enger Unitéit resp. Patrull fräi ass, anerersäits iwwerhaapt genuch Chef accessibel sinn. Doriwwer eraus, mussen d’Organisateuren och d’Unzuel un Unitéite bestätegen déi mir als Lëtzebuerg kennen hunn.

Fir ISTs gellt och nach eng Reegel, dass mir net méi Erwuessener op den Jamboree schécke kenne, wéi Erwuessener. Dat heescht mir mussen och dëse Krittär erfëllen.

Fir wat ass de Camp esou deier?

De Budget vum Camp huet 3 Punkten:

Participatioun vum Camp : 1500€ (Participant + Chef); 1400€ (IST)
Transport (250€)
Divers + Reserve (350€)

Participatioun vum Camp:
De Präis vum Jamboree selwer sinn 6400 PLN fir Participanten & Chef, 5760 PLN fir IST.
Dat entsprecht +- 1500€ resp 1400€ Vue dass dëse Präis mam Wiesselcours schwankt, musse mir och hei e klenge Sputt loossen.

Transport:
Fir den Transport plange mir mat Reesbusser vu Lëtzebuerg op Danzeg ze fueren. Vue dass mir zwee Joer virum Camp sinn an net weess wéi vill Participante mir Transportéiere mussen, hu mir nach kee feste Präis an hunn des Zomme budgetéiert.

Divers + Reserve:
Et ass net einfach 2 Joer virun engem Camp fest Präisser ze hunn, dofir brauch een eng gewësse Reserve, fir am Fall vun Imprevuen. Zousätzlech huet eng Organisatioun vun esou engem Contingent gewësse finanziell Ufuerderungen. Do fale Käschte vir Preparatiouns Aktivitéiten, Eltereversammlungen, Foulard a Badge drënner, wéi och Konto Käschten an den HOC Meeting.

Grad am leschte Punkt ginn et ganz vill Inconnuen, ob déi een am zweifel muss gutt opgestallt sinn, fir et bewältegen ze kennen. Do ass awer och dat gréissten Potenzial fir Suen ze spueren. A mir maachen eis bescht, dat am laf vun der Organisatioun och kierzen ze kennen.

Norees:

D’Käschte vun enger Norees, sinn hei elo nach net mat dran. Mir schaffe grad un engem Konzept, fir deenen déi Interessi hunn, kennen eng Norees ze erméiglechen, an dat am beschten zu engem Faire Präis!